Chant Libre
Activité
Atelier

Atelier de chant libre - Laboratoire d'exploration vocale

Wéi kann een d’Sangen anescht uegoen a seng éischt Fräiheet eremfannen, andeems een sech vun de kulturelle Coden déi eis proposéiert ginn eweg beweegt? Entdeckt d’Sangen op eng aner Art a Weis mam Valérie Schiel.
Luxembourg
20
-
1.5

• Zréck op d'Origine vum Klang goen, an d'Materie erakommen, um Klang schaffen wéi de Sculpteur mat Lehm schafft, fir déi natierlech Verbindung mat senger Stëmm erem ze fannen.

• Seng intern Schwéngung erhéije, fir datt se no bausse resonéiert.

• Nolauschteren a Kreativitéit entwéckelen, fir mat sech selwer a mat aneren duerch Toun a Verbindung ze kommen.

• Gefill, Intuition, Kreativitéit a Wuelfillen wäerten eis Guiden zur Verzauberung sinn.

D'Sangen, iwwer de Ënnerhalung eraus, als intern Rees, als den éierlechsten Ausdrock vu sech selwer.

Oppen fir jiddereen. Gesangserfahrung ass wëllkomm, awer net essentiell.

Datum: 27.11.2021

Zäitplang: 15:00 - 17:00

Plaz: Inecc Luxembourg, 2 rue Sosthène Weis L-2722 Luxembourg-Grund

Präis: 20 € / 10 € (Jugend ënner 27 Joer) / 1,50 € Kulturpass

Wann Dir nach matmaache wëllt, da kontaktéiert eis iwwer info@inecc.lu fir op d'Waardelëscht gesat ze ginn.

Our website is currently under construction.

Please contact us for any further information:

info@inecc.lu / +352 26 430 481.

Thank you for your patience and keep singing!

20