
Bantu Voices - 22.03.2025
Wann een eleng séngt, kann een déif an d'Selbstfindung antauchen. Mee wann een zu e puer Leit séngt, entsteet eng Verbindung. De polyphone Gesank aus Afrika entsteet duerch Iwwerlagerung vu Melodien an engem eenzege Lidd. Dobäi gëtt de Sänger lues a lues a Beweegung bruecht, ouni d'Stëmm z'iwwerfuerderen. De Gesang fënnt an der Grupp statt an huet e spirituell-meditative Charakter. Seng Schwéngungen erwäche d'transgenerationnel Zellerënnerunge vun eisem Kierper. Et ass e repetitive Gesang, dee sech ëmsou méi enger renger a woerer Energie approchéiert, wat e méi oft widderholl gëtt.
Modestine Ekete invitéiert d'Participanten, an dëst aner musikalesch Dimensioun anzetauchen, wou d'Stëmm sech befräit, fir der Konnexioun Plaz ze maachen. Dëse Gesank, dee manner bekannt Kläng notzt, kann an allen Altersgruppe praktizéiert ginn, woubäi jiddferee respektéiert gëtt. E kann a verschiddene Positiounen an an ënnerschiedleche Rhythme gesonge ginn, wouduerch den Otemrhythmus harmoniséiert gëtt. De polyphone Gesank projizéiert Kläng, déi duerch eise Kierper wanderen, eis konnektéieren an emotional Energie ervirbréngen.
Fir all Niveauen
Datum: Samsdeg, 22.03.2025, 14h -15h30
Lieu: INECC Luxembourg
52 avenue de la Gare
L-1610 Luxembourg-Gare
Sprooch: Franséisch
Intervenant: Modestine Ekete
Tarif : 15 € | 7,50 € (<27 Joer) | Kulturpass 1,50€
Une tenue vestimentaire décontractée est préconisée.
Our website is currently under construction.
Please contact us for any further information:
info@inecc.lu / +352 26 430 481.
Thank you for your patience and keep singing!