circle songs
Activité
Atelier

Circle Songs - 26.11.2022

D'Sänger bilden e Krees a kreeieren en eenzegartegt Erliewnis zesummen, an deem si een nom anneren improviséieren.
Luxembourg
10
-
1.5

 

Viraussetzung : Gären sangen, egal wéi ee Niveau

Datum: 26.11.2022

Auerzäit: 10:30 - 12:00

Adress: INECC Luxembourg (1er étage)
          2 rue Sosthène Weis, L-2722 Luxembourg Grund

Präis: 10 € adultes | 5 € jeunes (<27 ans) | Kulturpass: 1,50€

An engem Circle Songs Atelier stellen sech d'Participanten an engem Krees a follegen dem musikaleschen Input deen d'Intervenanten virginn. No a no verännert sech d'Melodie an de Rhythmus an et entstinn nei Kompositiounen. Et ass eng kollektiv an individuell Improvisatioun déi sech och op Beweegung, Nolauschteren an Interaktioun baséiert. De gesongene Motiv kann un Afrikanesch Musek, Latino, Groove, traditionelle Folklor oder Jazz inspiréiert sinn.

Bekannt ginn duerch den Bobby Mc Ferrin viru méi wéi 20 Joer, de Circle Song ass eng mächteg rituell Form déi et erlaabt eng kollektiv Energie am Klang ze generéieren an e Gefill vun Verbonnenheet an der Grupp ze erreechen.

Dir wäert vun eisen Intervenanten Nicolas Billaux, Emmanuelle Mei a Muriel Nsunda guidéiert ginn.

 

Our website is currently under construction.

Please contact us for any further information:

info@inecc.lu / +352 26 430 481.

Thank you for your patience and keep singing!

10