Circle Songs @ Sängerbond - 27.06.2026
De Circle Song ass eng matrappend Form vun Improvisatioun A-cappella-Gesang. Am Krees gi mat der Stëmm Klanglandschafen, Rhythmen a Melodië produzéiert, ganz ouni Nouten an nëmmen duerch Lauschteren, Reagéieren a Matgestalten. De Workshop riicht sech un all déi, déi gäre sangen. Oppenheet, Virwëtz a Loscht um Klang stinn am Mëttelpunkt. Eng Gesangsausbildung ass keng Viraussetzung.
Den Nicolas Billaux beschäftegt sech haaptsächlech mat Pratiques d’Ensembles a Gesangimprovisatioun. Als Chouerdirigent, Oboist an Enseignant probéiert hien d’Musek fir jiddereen zougänglech ze maachen. De Jeff Mack huet sech no senger Ausbildung als Trompettist a Sänger op Barock- an zäitgenëssesche Gesang spezialiséiert an animéiert ënnert anerem zesumme mam Nicolas Billaux Workshopen beim INECC.
Fir den Ofschloss vum Workshop, kann de Public an déi Al Kierch luusse kommen a sech dovun iwwerzeege wéi flott Chouergesang ass.
Datum: Samschdeg, 27. Juni 2026
Horairen:
14:00 – 16:30: Circle Songs, Atelier mam Nicolas Billaux & Jeff Mack
16:45: Best of Circle Songs, Ofschloss vum Workshop
Lieu: Al Kierch, Diekirch
5 Rue du Cure
9217 Diekirch
Intervenanten: Nicolas Billaux, Jeff Mack
Tarif: Gratis
Reservatioun: tickets.sbd@gmail.com (ab dem 15.06.2026)
Partner: Sängerbond Diekirch
Our website is currently under construction.
Please contact us for any further information:
info@inecc.lu / +352 26 430 481.
Thank you for your patience and keep singing!