Cosmic
Événement
Sur scène

Cosmic Birds with Special Guest Sarah Rieker Exploring Voices

Den Trio "Cosmic Birds" gëtt vum Sarah Rikeer begleet.
Bech
10
-
1.5

Als onofhängeg Musekerin, Sängerin a Pianistin, schafft d'Sarah Rieker als musikalesch Pedagogin, Vokal Coach a Chouer-Dirigentin. Zesummen huelen si Iech op eng musikalesch Rees mat. Dobäi gi verschidde Kontinenter bereest, wärend mat Hëllef vun Instrumenter, di staark u "fliegende Untertassen" erënneren, déi "Handpan" an "Tongue-drum" heeschen, mat deene si e puer Ofstecher an d'Sphäre vum Weltraum gemaach ginn.D'Kierch Saint Jean-Baptiste zu Bech, déi souwuel duerch hier architektonesch Schéinheet wéi och duerch hier wonnerbar Akustik bekannt ass, gëtt als Raumschëff fir dëst Rees benotzt. Wärend der Veranstaltung gëtt de Publikum agelueden, sech de Museker*innen mat hire Stëmmen unzeschléissen, an e grousse Chouer ze bilden. D'Stécker gi speziell fir dëst Übung erausgesicht.De Repertoire ëmfaasst Lidder aus indigeenen Traditiounen aus Latäinamerika, indesch Mantrae a Lidder, déi speziell fir Sangkreeser geschriwwe goufen. Dat Ganzt gëtt vu Chéier, Harmonium a Perkussiounsinstrumenter begleet. Dat Extrat un dëse Repertoiren weist sech un der Absicht, eng Atmosphär vum Trouscht, vum Wuelwëllen an der Harmonie ze kreéieren.

Dës Veranstaltung ass eng Geleeënheet, de Klangraum vun der Kierch ze erliewen, deen dozou aluet eis Stëmm ze erhiewen a se droen ze loossen.


Datum: 25.06.2023, 16:00 - Entrée: 15h30

Platz: Eglise Sankt Jean-Baptiste, L-6231 Bech

Dauer: 90 Minutten

Cosmic Birds: Warren Ashley, Tom Dieschburg, Steve Roller

Special Guest: Sarah Rieker

Our website is currently under construction.

Please contact us for any further information:

info@inecc.lu / +352 26 430 481.

Thank you for your patience and keep singing!

10