
Estill Voice Training | Einführung - 14.06.2025
D'Exercicer vum Estill Voice Training® hëllefe bei der Stëmmhygiène an der Beherrschung vun der Stëmm. Vill vun dësen Techniken gehéieren zu de Geheimrezepter vu berüümte Sängerinnen a Sänger, Gesangsproffen a Vocal Coaches weltwäit. De Kuer addresséiert sech u jiddfereen, deen d'Stëmm vill benotzt: Sänger.innen, Pädagog.innen, Chouerdirigent.innen, Orthophonist.innen, Phoniater.innen, Amateuren a Professioneller.
Dëst Introductioun gëtt Äntwerten op d'Fro "Wat ass Estill Voice Training®?" D'Participante kréien en Abléck an d'Estill Voice Model, wat den theoreteschen Ënnerbau vum Estill Voice Training® ass, a fänken un ze verstoen, wéi mir eng Abberzuel vu Méiglechkeete fir eis Sprech- a Gesangsziler fillen, gesinn an héieren kënnen.
Themen:
- Wat ass Estill Voice Training®? En Iwwerbléck!
- Déi 13 Figuren an d'Bedeitung vum Level 1
- d'6 Qualitäten & de Level 2: Schwätzen, Falsett, Twang, Sobbing, Oper, Belt
- Wëssenschaft, praktesch Übungen, Fangerzeechen & kënschtlerescher Ausdrock
- Léiere vun e puer Figuren vum Estill System
- Erkennen vun der kloerer Systematik vun dëser Stëmmtechnik!
- Jiddferee kritt Eenzeltraining! Kleng Gruppen!
- Exemplaresch gëtt u Songs geprouwt.
OPGEPASST: DËSEN ATELIER FËNNT OP DÄITSCH STATT! Denselwechten Atelier gëtt et op Franséisch den 14. Juni 2025 vu 15:00 bis 19:00 Auer:
https://inecc.lu/LU/estill-voice-training-introduction-14062025
Datum: Samsdeg, 14.06.2025, 10:00 - 14:00
Lieu: INECC Luxembourg
52 avenue de la Gare
L-1610 Luxembourg-Gare
Sprooch: Däitsch
Intervenante: Dr. med. Stefanie Rummel
Tarif: 75€ | 37,50€ (<27 Joer)
Our website is currently under construction.
Please contact us for any further information:
info@inecc.lu / +352 26 430 481.
Thank you for your patience and keep singing!