Estill
Activité
Atelier

Estill Voice Training | Introduction - 14.06.2025

Dr. Stefanie Rummel presentéiert eng Iwwersiicht iwwert d'Methodik an d'Funktiounsweis vum Estill Voice Training®. DËSE WORKSHOP FËNNT OP FRANSÉISCH STATT (op Däitsch gëtt et dës Aféierung den 14.06.2025 vun 10:00 - 14:00).
Luxembourg-Gare €75

D'Exercicer vum Estill Voice Training® hëllefe bei der Stëmmhygiène an der Beherrschung vun der Stëmm. Vill vun dësen Techniken gehéieren zu de Geheimrezepter vu berüümte Sängerinnen a Sänger, Gesangsproffen a Vocal Coaches weltwäit. De Kuer addresséiert sech u jiddfereen, deen d'Stëmm vill benotzt: Sänger.innen, Pädagog.innen, Chouerdirigent.innen, Orthophonist.innen, Phoniater.innen, Amateuren a Professioneller.

Dëst Introductioun gëtt Äntwerten op d'Fro "Wat ass Estill Voice Training®?" D'Participante kréien en Abléck an d'Estill Voice Model, wat den theoreteschen Ënnerbau vum Estill Voice Training® ass, a fänken un ze verstoen, wéi mir eng Abberzuel vu Méiglechkeete fir eis Sprech- a Gesangsziler fillen, gesinn an héieren kënnen.

Themen:

  • Wat ass Estill Voice Training®? En Iwwerbléck!
  • Déi 13 Figuren an d'Bedeitung vum Level 1
  • d'6 Qualitäten & de Level 2: Schwätzen, Falsett, Twang, Sobbing, Oper, Belt
  • Wëssenschaft, praktesch Übungen, Fangerzeechen & kënschtlerescher Ausdrock
  • Léiere vun e puer Figuren vum Estill System
  • Erkennen vun der kloerer Systematik vun dëser Stëmmtechnik!
  • Jiddferee kritt Eenzeltraining! Kleng Gruppen!
  • Exemplaresch gëtt u Songs geprouwt.

 

OPGEPASST: DËSEN ATELIER FËNNT OP FRANSÉISCH STATT! Denselwechten Atelier gëtt et op Däitsch den 14. Juni 2025 vu 10:00 bis 14:00 Auer:  
https://inecc.lu/LU/estill-voice-training-einfuhrung-14062025

 

Datum: Samsdeg, 14.06.2025, 15:00 - 19:00

Lieu: INECC Luxembourg
          52 avenue de la Gare
          L-1610 Luxembourg-Gare

Sprooch: Franséisch

Intervenante: Dr. med. Stefanie Rummel

Tarif: 75€  | 37,50€ (<27 Joer)

Our website is currently under construction.

Please contact us for any further information:

info@inecc.lu / +352 26 430 481.

Thank you for your patience and keep singing!