Stephan_Lutermann
Activité
Atelier

Let’s move! Empowering your choir | A CAPE'lla Classes - 31.01.2026

Am Kader vum A CAPE'lla Festival, deen all zwee Joer stattfënnt, bitt den INECC am Joer 2026 erëm e ganzen Dag mat spannenden Atelieren an héichwäertege Master Classes am Beräich vun der Vokalkonscht un.
Ettelbruck
15
-
1.5

An dësem Workshop weist de Stephan Lutermann Iech, wéi Beweegung déi emotional a kierperlech Ausdrockskraaft  vu Chéier verdéiwe kann, a wéi dëst lieweg an inspiréierend Concerte schaaft. D'Participante kréien nei Abléck an d'Verbindung tëscht der Stëmm, dem Kierper an de Gefiller a si entdecken, wéi Museksopféierungen duerch bewosst Beweegung u Präsenz an Ausdrockskraaft gewanne kennen.

Den Atelier konzentréiert sech op 3 Domainer:

1. Schaffe mat Emotiounen

De Stephan Lutermann erkläert, wéi déi emotional Ausdrockskraaft de Message vun engem musikaleschen Optrëtt verstäerke kann. D'Zil ass et, den intrinseschen Inhalt vun engem Wierk op eng méi kloer, méi authentesch a méi effektiv Manéier ervirzehiewen.

2. Stäerkung vun der kierperlecher Präsenz

Mat Hëllef vu prakteschen Übunge weist de Stephan Lutermann, wéi een d'Haltung, d'Mobilitéit an d'Bühnepräsenz verbessert. D'Participanten entdecken, wéi geziilte kierperlech Aarbecht d'Bünepräsenz vun engem Chouer wesentlech verbessere kann.

3. Chouermusek nei interpretéieren

Duerch d'Beweegung mécht de Workshop nei Perspektive bezüglech vertraute Wierker op. D'Participante léieren, wéi choreographesch Impulser de musikaleschen Ausdrock erweidere kennen, ouni de Klang ze beanträchtegen.

 

Den Atelier riicht sech u Chouerdirigenten an engagéiert Chouermemberen geriicht, déi nei Impulser entdecken an erliewe wëllen, wéi bewosst Beweegung dat kënschtlerescht Potenzial vun engem Chouer entfale kann.

 

Datum: Samschdeg, 31. Januar 2026

Auerzäit: 13:00 - 14:30 

Lieu: CAPE 
        1 Pl. Marie-Adelaide
        9063 Ettelbruck

Sprooch: Englesch

Tariffer: €15 | €7,50 (<27 Joer) | €1,50 (Kulturpass)

Partner: CAPE Ettelbruck 

Our website is currently under construction.

Please contact us for any further information:

info@inecc.lu / +352 26 430 481.

Thank you for your patience and keep singing!

15