Melodic Vibrations 25 - 26 | Semester 1
Maacht mat bei Melodic Vibrations, dem eenzegaartege Gesangsensemble! Geleet vum talentéierten Nelly Pereira erwaart Iech eng aussergewéinlech musikalesch Erfarung. Et ass keng Viraussetzung Noten liesen ze kënnen oder musikalesch Kenntnisser ze hunn. Hei zielt just d’Passioun fir Pop- a Rockmusek!
De Projet Melodic Vibrations gouf 2019 gegrënnt.
Iwwersiicht vum Cours:
- Opwiermübunge fir de Stress vum Alldag hannert sech ze loossen
- Stëmmübungen
- Auswahl vun engem Lidd fir am Detail un der Ausdrocksweis a mam Rhythmus ze schaffen
- Alles gëtt ouni Noten a Partiture geprouft
- D’Intervenante leed d’Participante mam Piano, fir musikalesch Sensibilitéit ze entwéckelen ouni Noten liesen ze mussen
- Fir doheem üben ze kënnen, kréien d’Memberen Opname mat de verschiddene Stëmmen an Texter vun de Lidder
- Um Enn vum Joer gëtt de Chouer e Concert!
Datum: All Méindeg ab dem 22. September 2025
Auerzäit: 19:00 - 21:00
Lieu: „Sang a Klang“ Pafendall
1, rue des Trois Glands
L-1629 Lëtzebuerg-Pafendall
Sproochen: Lëtzebuergesch, Franséisch
Intervenante: Nelly Pereira
Präis: 75 € pro Semester
Ab September 2025 sinn d’Umeldungen nees op.
** Den éischte Cours gëllt als Schnuppercours, dono kënnt Dir entscheeden ob Dir wëllt virufueren oder net.
** Well mir op e Concert am Dezember hischaffen, empfeele mir, méi wéi 3 mol ze feelen.**
Our website is currently under construction.
Please contact us for any further information:
info@inecc.lu / +352 26 430 481.
Thank you for your patience and keep singing!