De Georgely - Präsentatioun
Activité
Sur scène

Präsentatioun DE GEORGELY - D'LËTZEBUERGER LIDDERBUCH

Virstellung vum neie Lidderbuch mat App "De Georgely - Bd. 1 - Geselleg Lidder"
Grevenmacher Gratuit

Virstellung vum neie Lidderbuch mat App "De Georgely - Bd. 1 - Geselleg Lidder"

Kättchen, Kättchen, bréng mer nach e Pättchen oder Un der Atert, no beim Waasser si Lidder, déi gären a Gesellschaft gesonge ginn. Et ginn der awer eng sëllege méi. Dat neit Lidderbuch De Georgely ass eng Sammlung vun 300 beléiften Lëtzebuerger Lidder mat Texter, Melodien a Begleetakkorden. De Georgely gëtt en Iwwerbléck iwwert de Räichtum vun der Musek an de literareschen Texter zu Lëtzebuerg vum 19. Joerhonnert bis haut. Vill Lidder gi fir d’éischt an Nouteform publizéiert. D’Lidderbuch vereinfacht Museksensembelen, Schoulen a Privatleit den Zougang zum Repertoire vum gesellegen, Lëtzebuerger Lidd.

Den éischte Band vum Georgely ass erausgi vun der Lëtzebuerger Nationalbibliothéik an Zesummenaarbecht mat dem Institut européen de chant choral (INECC) an dem Stued Theater. Dës Sammlung gëtt mat engem zweete Band mat politesche Lidder vu Lëtzebuerg weidergefouert. D’Lidderbuch ass nom landbekannten Dréiuergelspiller vu Gréiwemaacher, dem Georges Weyer (1848-1924) benannt.

De Georgely kënnt a Buchform an als Mobile App (iOS + Android) eraus.

Datum: 30.03.2023, 19:00
             31.03.2023, 19:00

Plaz:     Stued Theater Gréiwemaacher (18a route du Vin, Grevenmacher)

Reservatioun: https://www.tickettailor.com/events/bnl/818099#

Präiss: gratis

 

 

 

Our website is currently under construction.

Please contact us for any further information:

info@inecc.lu / +352 26 430 481.

Thank you for your patience and keep singing!