Ugda
Activité
Sur scène

Chrëschtdagssangen 2021

Oppent Chrëschtdagssangen zu Iechternach - Entdeckt nees d’Freed um Sangen !
Echternach Gratuit

D’Union Grand-Duc Adolphe, an Zesummenaarbecht mat dem Piusverband an der INECC, organiséiert Sonndes, den 12. Dezember 2021, um 16.00 Auer zu Iechternach am Abteihaff e Chrëschtdagssangen. D’Manifestatioun ass op fir all Sängerinnen a Sänger an och de Publikum dierf a soll matsangen!

Um Programm vun dësem Concert, fir deen elo schonns bal 400 Sänger a Museker sech gemellt hunn, stinn traditionell Chrëschtlidder, déi een- oder zweestëmmeg gesonge ginn, mat Begleedung vun engem Orchester. Déi Interesséiert kënnen sech d'Noutematerial an d'Begleedung als MP3, fir sech mat den Arrangementer ze familiariséieren, op den Internetsitte vun Organisateure gratis eroflueden: www.ugda.lu, www. piusverband.lu oder www.inecc.lu ënnert dem Titel “Chrëschtdagssangen”. Déi meeschte Lidder goufe vum Rob Köller a Pascal Thiry speziell fir dës Geleeënheet nei arrangéiert, esou dass se fir Museke mat, oder ouni Chouer, gespillt kënne ginn. D'Noutematerial vun dësen Arrangementer kann all Musek bei der UGDA bestellen.

Dirigent vum Event ass de Nicolas Billaux, e jonke chargé de cours fir chant choral vun der UGDA-Musekschoul.

Matmaache bei dësem Chrëschtdagssangen, wat ënnert COVID-Check leeft, ka jiddereen dee Loscht huet. Einfach sech mat den Arrangementer familiariséieren an dann den Dag selwer op d’Plaz kommen.

D’Chrëschtdagssangë fënnt statt am Éierenhaff vun der Iechternacher Abtei, nieft der Basilika, Sonndes den 12. Dezember 2021. Rendez-vous ass um 16.00 Auer. De Concert gëtt gefilmt an duerno op Apart-TV an anere lokale Sendere gewisen.

Virdrun an duerno kann een da gären nach en Tour iwwert de Chrëschtmaart maachen, dee vun den Iechternacher Veräiner um Parking bei der Sauerbréck organiséiert gëtt, oder duerch d'Iechternacher Geschäfter, déi deen Dag all op hunn.

Dëse Concert steet ënnert dem Zeeche vum Undenken un de kierzlech verstuerwene President vum Piusverband, den Albert Brauch, deen sech zäitliewens fir de Gesang an alle Formen, a fir d’Zesummenaarbecht vun de Verbänn agesat huet.

 

Nouten an Text - MP3 (download)

Our website is currently under construction.

Please contact us for any further information:

info@inecc.lu / +352 26 430 481.

Thank you for your patience and keep singing!