Nicolas Billaux
No senge musikalesche Studien a Frankräich, der Belsch an an Däitschland ass den Nicolas Billaux 2011 an de Grand-Duché geplënnert an huet eng Tätegkeet als Oboist a Chouerdirekter entwéckelt. Seng Praxis baséiert op dräi Haaptlinnen: Deelen – d'Musik u sou vill Leit wéi méiglech bréngen an dobäi all Barrière iwwerwannen; Spontanitéit – improviséiere fir eng méi direkt Kommunikatioun; Virwëtz – entdecken an anere beim Entdecken hëllefen, sech traue Stiler, onwarscheinlech Plazen an onerwaart Begéinungen ze mëschen.
Den Nicolas ënnerriicht Oboe an Englischhorn an der Péitenger Museksschoul, Chouergesang un der UGDA, a leed d' Ensembele Jubilate Musica an Home Sweet Home. Hie leet Workshops fir Vokalimprovisatioun an trëtt a klengen Improvisatiounsgruppen op.