Ugda
Activité
Sur scène

Chrëschtdagssangen 2021 - Opruff

D’Union Grand-Duc Adolphe, an Zesummenaarbecht mat dem Piusverband an der INECC, organiséiert Sonndes, den 12. Dezember 2021, um 16.00 Auer zu Iechternach am Abteihaff e Chrëschtdagssangen.
Echternach Gratuit

D’Manifestatioun ass am Fräien a soll net méi laang wéi max. 45 Minutten daueren.

Matmaache kënnen esouwuel Gesangsveräiner wéi och eenzel Sänger. Um Programm stinn traditionell Chrëschtlidder, déi een- oder zweestëmmeg gesonge ginn, mat Begleedung vun engem klengen Orchester. Fir ze Prouwen, kënnen déi Interesséiert sech d’Begleedung als MP3 mat dem Noutematerial vum UGDA-Site erof lueden (disponibel ab Mëtt Oktober).

Um Repertoire stinn e.A.:

  • Lëtzebuerger Lidder oder mat lëtzebuergeschem Text:

An der grousser hellger Nuecht E Wonnerstier • Dir Kanner o‘ kommt dach • Am Uewe potert d'Feier • Winter Wonderland • White Christmas.

  • Donieft:

Feliz Navidad Let It Snow • Little Drummer Boy • Petit Papa Noël • Carol of the Bells • O Tannenbaum • Süsser die Glocken nie klingen • Fröhliche Weihnacht überall • Ee Potpourri: Marching Chistmas vum Roger Sadler (Jingle Bells, Morgen Kinder wird’s ‘was geben, We wish you a Merry Christmas) • Go Tell it on the Mountain.

  • Eng Partie Lidder sollen A Capella opgefouert ginn. Virgeschloe goufen hei:

Adeste Fidelis D’Helleg Stad • Leise erklingen Glocken (W.A. Mozart) • Stille Nacht - soll just mat Gittar begleet ginn.

Den definitive Programm bleift nach festzeleeën.

Eng gemeinsam Prouf gouf festgeluet fir Freides, den 10. Dezember, um 19.00 Auer. Wou déi Prouf ass, bleift nach festzeleeën.

Den Dag selwer wier de Rendezvous fir sech anzesangen ab 14:30 Auer. Déi genau Plaz gëtt nach matgedeelt.

Den 12. Dezember ass zu Iechternach och Chrëschtmaart, an domat si vill Parkinge schonns besat. Genau Informatiounen iwwert den Transport bleiwen nach ze klären.

D’Umeldungen si bis de 4. Oktober 2021 mat dem ugespéngelte Formular ze maachen.

Am Fall wou äre Chouer net als Veräin matmaache kann, wiere mir frou, wann der dëse Communiqué un är Membere weider géingt schécken, well och individuell Sänger sech kënne mellen.

Formulaires Umeldung:

Umeldung%20Chorale-online_0.pdf

Umeldung%20Eenzel-online_1.pdf

Our website is currently under construction.

Please contact us for any further information:

info@inecc.lu / +352 26 430 481.

Thank you for your patience and keep singing!