Choraoke
Activité
Découvrir

Choraoke - Sing along Concert

Kommt a sangt mat um Trifolion Chrëschtmaart!
Echternach Gratuit

Sangt Dir gären, awer traut Iech net alleng virun engem Publikum ze sangen? Dann ass dëst Event genau dat Richtegt fir Iech!

An Zesummenaarbecht mam TRIFOLION ass INECC Lëtzebuerg frou Choraoke zu Iechternach ze presentéieren.

Ganz am Sënn vun der "Convivialitéit" vum TRIFOLION ass et d'Zil vum Choraoke, zesummen ze sangen an eng eenzegaarteg Atmosphär ze kreéieren fir selwer ze entdecken. D'Iddi vum Choraoke ass et op eng entspaant Manéier zesummen ze sangen an ouni musikalescht Wëssen.

Begleet vum Lynn Berchem a Marie Weis als Sängerinnen, dem Margot Sannier um Piano, dem Gustavo Morales um Cajon an dem Tom Heck op der Gittar, sangen d'Participanten Chrëschtlidder an déi bekanntst Lidder aus de leschte Joerzéngten.

Plaz: Echternach, Chrëschtmaart

Auerzäit: 18h00 - 19h00

Our website is currently under construction.

Please contact us for any further information:

info@inecc.lu / +352 26 430 481.

Thank you for your patience and keep singing!