Singen
Activité
Sur scène

Opruff: SängerInne gesicht! « The Armed Man » vum Karl Jenkins

De Sängerbond vun Dikrech sicht Sängerinnen a Sänger!
Luxembourg-Kirchberg Gratuit

Léif Sängerinnen a Sänger,


De Sängerbond vun Dikrech hat sech fir 2020 een ambitiéise Projet virgeholl, dee leider duerch d’Padémie huet misste reportéiert gi. Mee elo ass et endlech souwäit:
De Sängerbond, den Ensemble Vocal Eurocantica an den Ensembel Musik ohne Grenzen d’Wierk féieren den 22.01.2022 «The Armed Man» vum Karl Jenkins an der Philharmonie op.
Leider maache net méi all déi Leit mat, déi sech am Ufank ugemellt haten. D’Pandemie huet hir Spueren nu emol iwwerall hannerlooss.
Aus deem Grond versiche mir Sänger a Sängerinnen ze fannen, déi interesséiert wiere bei deem Projet mat ze maachen.
Et feelt eis haaptsächlech u Männerstëmmen, ma jiddereen ass wëllkomm.


Falls Dir interesséiert sidd dann zéckt net a mellt Iech bei eis. (Contact: Manfred Logeling +352 621 787 062 – mannilo@pt.lu )


An der Hoffnung op e positive Retour, schécken mir eis beschte musikalesch a kollegial Gréiss,
Link

Our website is currently under construction.

Please contact us for any further information:

info@inecc.lu / +352 26 430 481.

Thank you for your patience and keep singing!