Georges Goerens (Bartleby Delicate, Seed to Tree)
De Georges Goerens ass e Sänger-Songwriter aus Lëtzebuerg, dee mat sengem Grupp Seed to Tree a sengem Solo-Projet Bartleby Delicate zanter méi wéi zéng Joer op lokalen an internationalen Bühnen optrëtt. Als Erausbrénger vu schonn e puer Albummen, bréngt de Lëtzebuerger Museker vill praktesch Erfarungen an den Atelier an hëlt de Songwriting aus enger manner theoretescher Siicht un, a gëtt der emotionaler an narrativer Struktur vum Songwriting méi Gewiicht.
De Georges Goerens krut de Präis "Best Upcoming Artist" bei de Luxembourg Music Awards 2018, an de FOCUNA Entwécklungsstipend 2020. Hien huet grad seng nei EP 'Deadly Sadly Whatever' ënnert sengem Pseudonym Bartleby Delicate erausbruecht.