Schwemm
Événement
Sur scène

An der Schwemm - OPERETTE

Ee Kappsprong an d'lëtzebuergesch Museksgeschicht!
Esch, Ettelbruck, Wiltz Gratuit

Gutt honnert Joer, nodeems der Komponistin Lou Koster hiren eenzege Musekstheater 1922 uropgefouert gouf, ass An der Schwemm an enger adaptéierter Versioun am Escher Theater ze gesinn. Fir d'Operette huet deemools de Schrëftsteller a Journalist Batty Weber d'Libretto op Lëtzebuergesch geschriwwen.

Erzielt gëtt d'Geschicht vun der selbstbewosster Schwëmmerin Lory, déi sech géint d'Avancë vum Fonctionnaire Zengerlé zur Wier setzt. Verkuckt huet hatt sech an de scheien Zaldot a Schwammmeeschter Reddy. D'Schwemm gëtt an dësem mol monteren, mol kriteschen Zenario zum Schmelzdigel vum gesellschaftleche Liewe vun den 1920 Joren. D'Bün gehéiert dobäi ganz der Haaptfigur, déi d'Fräiheet fir sech reklaméiert.

Fir dës Opféierung huet d'Komponistin Tatsiana Zelianko zwou kuerz Zeene kreéiert. An de Rol Gelhausen, bekannt uechtert d'Land als Kabarettist a Komponist, huet sengersäits ee kuerzt Libretto geschriwwen. Mat engem Gespier fir d'Stëmmung vum Original féiert hien d'Geschicht aus der Vergaangenheet an eis Géigewaart an entlackelt hir ganz eege Pointen.

Sprooch: op Lëtzebuergesch

 

Dauer: 70 Min. geschat

 


Theater Esch:
SA 27. JANUAR 2024 (20:00)
SO 28. JANUAR 2024 (17:00)

CAPE Ettelbruck:
SA 3. FEBRUAR 2024 (20:00)
SO 4. FEBRUAR 2024 (17:00)

Festival de Wiltz:
SA 29. JUNI 2024 (20:30)

 

Eng Produktion opera mobile
in Koproduktioun ma  Escher Theater ; CAPE – Centre des Arts Pluriels Ettelbruck ; Festival Wiltz ; INECC Luxembourg ; MASKéNADA

Inszenéierung Marion Rothhaar

Libretto Batty Weber, Roland Gelhausen

Musek Lou Koster, Tatsiana Zelianko

Musikalesch Leedung Jonathan Kaell

Bünebild a Kostümer Peggy Wurth
Regieassistenz Laetitia Lang
Gesank Valérie Stammet, Loïc Schlentz, Christophe Bornet

Orchester Orchestre de Chambre du Luxembourg

Chouer INECC Luxembourg (Leedung: Andy Loor)

 

Crédits

coproduction Escher Theater ; CAPE – Centre des Arts Pluriels Ettelbruck ; Festival Wiltz ; Opera mobile ; INECC Luxembourg ; MASKéNADA

soutien Ministère de la Culture

collaboration CID Fraën an Gender

 

Photo: © Patrick Galbats

Our website is currently under construction.

Please contact us for any further information:

info@inecc.lu / +352 26 430 481.

Thank you for your patience and keep singing!