Our website is currently under construction.
Please contact us for any further information:
info@inecc.lu / +352 26 430 481.
Thank you for your patience and keep singing!
Burning Voices
BURNING VOICES, ënner der Leedung vun der Noémie Leer, ass e Vokalensemble an deem jidderee wëllkomm ass.
Egal wéi vill Erfarung Dir mam Gesank hutt, Dir fannt hei Är Plaz. D’Haaptzil ass d’Freed um zesumme sangen an d’Entdeckung vu verschiddene musikalesche Repertoiren, fir d’Grondlage vun der Gesangstechnik a Musekskultur ze entdecken an/oder ze stäerken – an engem frëndlechen an ënnerstëtzen Kader.
Datum: All Dënschdeg ab dem 16/09/2025, 19:00 - 20:30
Home Sweet Home
„Home Sweet Home“, a Partnerschaft mat ATD Quart Monde an ënnert der Leedung vum Nicolas Billaux, ass e Chouer, dee fir jiddereen op ass – ganz egal, ob Dir sange kennt, oder net!
De Chouer presentéiert eng villfälteg Auswiel u Lidder aus der ganzer Welt. D’Projet gouf am Februar 2015 gegrënnt.
Datum: All zweete Freideg ab dem 19.09.2025
Auerzäit: 19:30 - 21:00
Luxembourg Jazz Voices
Cheffe de choeur: Edith VAN DEN HEUVEL
D'Edith Van den Heuvel féiert mat Bravour de Chouer Luxembourg Jazz Voices mat engem ofwiesslungsräiche Repertoire vu Swing iwwer Jazz bis Bossa Nova a Funk. Wann Dir dëse Stil gär hutt, ass dat déi perfekt Geleeënheet, des Klassiker op nei Aart a Weis ze entdecken.
De Chouer Luxembourg Jazz Voices gëtt vun der Jazzsängerin Edith Van den Heuvel geleet an organiséiert.
Datum: All Mëttwoch ab dem 17.09.2025
Auerzäit: 19:00 - 21:30